Post on 14-Mar-2020
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
1
3. Pressecommuniqué
Haut Dënsden, den 15. Dezember 2015, wäert zu Stengefort am
Centre Roudemer eng Informatiounsversammlung iwwert d’POS-
Prozedur, déi d’Regierung am Kader vum geplangten
„Flüchtlingsduerf“ zu Stengefort geplangt huet, stattfannen.
1. Well mir wëllen hunn, datt all déi besuergten Leit, déi sech wéi
mir dem Projet vum Containerduerf zu Stengefort kritesch
positionnéieren, och wiirklech wäerten Gehéier fannen, wollten
mir eis Bedenken en desem Pressecommuniqué duerleen.
2. Eis Petitioun, déi sech géint dat geplangten Containerduerf
riicht, krut bis haut no un 500 Ënnerschrëften vu Leit aus der
Gemeng Stengefort an Emgéigend!
Mir sinn fir den Accueil vu Flüchtlingen zu Stengefort, awer dat
a bestoënden klengen Strukturen, a proportional zu der
Awunnerzuel; mir sinn awer strikt géint dat geplangten
Containerduerf zu Stengefort.
3. An der Lëscht huet sech d’Unzuel a virun allem d’Stärkt vun den
Onrouen, Kleppereien an Emeuten an villen däitschen
Containerdierfer staark verschärft, an och an der Ksär zu Arel,
wou 1.000 Flüchtlingen ënnerkomm sinn. Et sinn der iwwer 30
(d’Detailer stinn an der Annex), a wat d’Flüchtlingsdierfer oder
aaner Strukturen méi grouss sinn, wat et zu méi Spannungen
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
2
kënnt, wéi och delo den leschten Freideg 12. Dezember an
besoter Areler Kasär.
Wat d’Strukturen méi kleng sinn, wat d’Kleppereien méi rar
sinn. An Eenzelhaiser kënnt esou eppes net vir. Déi ganz
Problematik vun Gewaltproblemer hängt deemno net un de
Refugié‘en, déi do agespaart sinn, wéi villméi un dem
onausweichlechen „Lagerkoller“, deen do entsteet an
Spannungen, déi dat provozéiert.
D’Leit an deene Containerdierfer hunn einfach keng
Perspektiven; si kommen aus Containerdierfer a Jordanien, dem
Libanon, der Türkei oder Griechenland, an kommen hei an
ähnlech Lageren, wou si alt nees eng Kéier agepfercht ginn.
An sou iwwerdimensionéierten Opfangstrukturen a Lageren
schaaft een d’Basis vun Parallelgesellschaften, net d’Basis vun
enger gelongener Integratioun. Genee dat gesin d’Politiker elo an
Däitschland and am Frankräich.
Mee genau sou e Lager matt sou Problemer sinn am Kader vun
der POS-Prozedur zu Stengefort an der Planung. Do freet een
sech, op wéi engem Planéit eis Politiker liewen.
Alleng dat hätt missen duergoen, fir eis Politiker zum emdenken
ze bewegen, an d’Bedenken vun besuergte Biergerinitiativen
eescht ze huelen, sowéi dat am Moment an Däitschland geschitt.
Mee dat ass nach net zu bei eisen Politiker ukomm …
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
3
4. Eng interessant Sendung mam Anne Will zum Thema
„Bürgerproteste gegen die Flüchtlingspolitik - Werden sie ernst
genug genommen?“ huet gewisen, wéi an Däitschland Politik
ufänkt anzegesinn, datt si der Zivilgesellschaft besser sollt
nolauschteren (Link :
https://daserste.ndr.de/annewill/videos/Buergerproteste-gegen-
die-Fluechtlingspolitik-Werden-sie-ernst-genug-
genommen,annewill4398.html), an hir Bedenken eescht ze
huelen.
Aplaz vum Containerlager ginn lo z.B. zu Braunschweig 50 bis
100 Leit an Eenzelhaiser ënnerbruecht, verdeelt iwwer d’ganz
Stad. Wa mir Däitschland schon alles nomaachen, kënne mir
villäicht déi Etappen, déi e Fiasko sinn – also Containerdierfer –
iwwersprangen.
5. Mee wat mëcht EIS Politik zu Lëtzebuerg?
- Si hällt un deenen geplangten Rieseghetto’en fest, well et fir
si méi einfach ze geréieren ass; si wäert domat awer an
d’Mauer rennen.
- Si kréiert e „Provisorium“ dat jorelaang wäert daueren, aplaz
nohalteg ze plangen.
- Si benotzt d’Informatiounsversammlungen iwwert d’POS, déi
am Kader vum Gesetz obligatoresch sinn, fir Propaganda ze
maachen fir hir „Ghettoiséierungspolitik“.
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
4
- Op deene Veranstaltungen sinn proportional méi Ministeren
wéi Leit am Sall. Grad mol 30 Leit waren zu Dikkrech am
Sall fir 3 Ministeren nozelauschteren (dat mecht 1 Minister
pro 10 Leit). Zu Jonglënster waren et der alt nach 100, wat fir
en Thema vun der Wichtegkeet ridiculement wéineg ass.
- Mee dat geschitt, wann een de Leit de Mond verbitt, déi et
woën, géint dat ze goen, wat d’Regierung an hirer Weisheet
festleet; da ginn se als Populisten oofgestempelt (fir emol
d’Madame Cahen op Twitter ze zitéieren).
Fir datt dat zu Stengefort net passéiert an och do nëmmen 30
Leit kommen fir en Thema, wat eis déi nächst Joeren wäert
beschäftegen, ass et wichteg, datt t’Leit sech selwer e Bild
maachen a sech doriwwer kloer ginn, datt d’Regierung hei e
Ghetto fir 300 Leit schaaft, deen fir d’Flüchtlingen keng
Perspektiven bidd, mee vill méi d’Basen fir eng
„Parallelgesellschaft“ leet.
Aplaz déi Leit direkt an eis Mëtt ze huelen, stiechen mir se „à
moyen terme“ op onbestëmmten Zäit an eng
Containerstruktur.
Friwat kënne mir déi Leit net vum éischten Dag un als Noper
ophuelen, anstatt si a Massecamp’en ze stiechen?
Dat ass dach eng zentral Fro, déi eis Ministeren sech musse
stellen!
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
5
- D’Lëtzebuerger Politiker kreéieren bei de Leit Angscht séch
ze äusseren an „oofgestempelt“ ze ginn. Si dinn de Leit e
„moraleschen Maulkuerf“ un, andeems se e Bild schaafen vun
deene Gudden, déi mam Kapp wénken, an deene Béisen, déi
d’Hurrastëmmung trüben, andeems se legitim Bedenken
ausdrécken. Sou kreéiert se Frust, Spaltungen an der
Gesellschaft, Divisiounen an Politikverdrossenheet.
- D’Ministeren kënnen net verlaangen, datt d’Leit hinnen op
hiren „Kaffeefahrten“ nolauschteren kommen, wann et ass fir
hinnen vun viran de Mond ze verbidden, se anzeschüchteren
an se vum Podium eroofzekanzelen, aplaz am face à face matt
hinnen an der Mëtt ze diskutéieren. Bei souvill Diktat
passéiert wat passéieren muss: et kommen 30 Leit, wéi zu
Dikkrech!
Dann géif et jo méi bëlleg ginn, direkt d’Informatiounen
iwwert d’Press matzedeelen.
6. Wann een dann och nach an der Press liest, wat do déi vill
Ministeren deenen wéinegen Leit verzielen, kann een nëmmen
de Kapp rëselen.
7. Mam Saz „Integratioun heescht Perspektiven opmaachen“ kann
een dann jo alt nach u sech d’accord sinn, just datt déi vun der
Regierung geplangten Strukturen de Géigendeel vun enger
Integratioun sinn, an do kann ee just matt 2 Froen äntwerten:
Wou sinn bei „provisoreschen“ Containeren d’Perspektiven?
Wou ass do d’Integratioun?
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
6
8. Iwwert dem Här Minister Bausch säin Liebliingssproch
„D’Opnahmstruktur ass nëmmen eng provisoresch Ariichtung
op Zäit“ kann een alt erem eng Kéier nëmmen de Kapp rëselen.
Wat ass hei „provisoresch“ oder „op Zäit“? D’Openthaltsdauer
vun dem eenzelnen Flüchtling am Containerduerf? Wuel kaum!
- Wat mengt den Här Bausch deemno mat „provisoresch“?
- Mengt hien d’Openthaltsdauer vun all Flüchtling an deene
„Lageren“?
Wann et provisoresch wär, firwaat gesäit de POS dann eng Ariichtung
fir, souwuel fir Flüchtlingen déi am Asylverfahren stiechen, wéi och
fir déi Leit, déi de Status net kritt hunn an net kënnen zréckgeschéckt
ginn (well z.B. hiert Ursprongsland se net wëllt zréckhuelen oder si
dat falscht Land uginn hunn), an esouguer fir déi Leit déi de Statut
kruten an schon laang net méi sollen an sou Strukturen sinn?
Wou kann d’Regierung mordikus behaapten, déi Strukturen géiffen
geschaaf ginn fir Flüchtlingen während dem Asylverfahren
ënnerzebréngen, wann de POS selwer seet, datt déi „centres d’accueil“
fir all Flüchtling sinn, souwuel virun, während wéi och nom
Asylverfahren, also alles aanescht wéi „provisoresch“ … dat kann
éiweg daueren bis deen eenzelnen Flüchtling do fort kënnt, an dann
kommen schons erem nei Flüchtlingen, déi dann alt erem an
derselwegter Situatioun sinn.
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
7
- Oder wëllt den Här Minister domatt soen, d’Infrastrukturen,
also d’Containerdierfer selwer, déi do geschaafen ginn,
wären PROVISORESCH?
Do kann ee sech just froen, ob hien wierklech mengt, d’Leit wären sou
naiv dat ze gleewen!
D’Politik kreéiert dach net esou Strukturen fir e puer Méint! Dat géiff
och de Käschtepunkt net justifizéieren! Si mecht sech et alt nees eng
Kéier einfach; si schaaft e riesegrousse „Provisorium“ ouni Mixitéiet
fir Flüchtlingen „provisoresch“ do ënner ze bréngen.
Et ass fir d’Politik méi einfach, d’Leit an e Ghetto ze pferchen, wéi
vill kleng Strukturen ze schaafen, méi einfach och wéi direkt neie
Wunnraum ze schaafen fir Flüchtlingen an Resident’en, an esou eng
Mixitéit ze schaafen.
Eis Politik regéiert alt erem eng Kéier, imposéiert kuurfristeg schlecht
Provisorien, anstatt laangfristeg a nohalteg Léisungen ze fannen.
Wéi laang soll sou een Provisorium dann daueren? Wéini soll déi
Struktur nees oofgerappt ginn? Dat kann keen eis soen! Oder wëssen
d’Politiker et, mee soen de Bierger et net? A wien soll dat alles
bezuehlen?
Sinn et 5, 10, 15, 20 Joer oder méi? Och do keng Äntwert.
Wat geschitt duerno? Och keng Äntwert.
Awer datt et provisoresch ass, dat sollen mir glewen!
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
8
Do freet een sech, fir wéi domm d’Politiker eis haalen!
Dat Containerduerf wäert vun Dauer an op onbestëmmten Zäit sinn,
an net provisoresch.
“Il n’y a que le provisoire qui dure…“. Nom Motto: Wann dat bis eng
Kéier steet, kuckt souwisou keen méi duerno. WANN SE SECH DO
ALT NET IEREN!
Wéi an Däitschland an am Rescht vun Europa stinn déi Strukturen 15,
20 oder 30 Joer … domatt hat do och keen gerechent, och do war et
„provisoresch“, an d’Baracken stinn no 30 Joer nach ëmmer do an
engem desolaten Zoustand (siehe Artikel an der FAZ vum
17/10/2015: „Für niemanden ein Grund zum Feieren – Die
Containerunterkunft in Oberursel besteht seit 25 Jahren“).
Den selwegten Problem stellt sech matt der Unzuel vun de Leit déi se
do wëllen ophuelen.
- Eis Politiker jongléieren hei matt Zuelen, datt et engem kal de
Réck erof leeft.
Si schwätzen vun 300 Leit, déi „provisoresch“ an engem
klengen Duerf „integréiert“ (sollen) ginn. Déi Leit, déi hei
sollen op engem Site zesummegepfercht ginn, sollen net a
Wunnéngen kommen, a se wëssen och datt se net hei bleiwen.
- Eis Regierung kann och d’Unzuel vu Leit jidderzäit op 600
eropsetzen; en einfache Regierungsbeschloss geet dofir duer.
- Eis Politiker maachen grad wéi wann dat e komplizéierten
Formalismus wär; dat ass et awer net. D’Regierung gesait
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
9
sech 5 Minutten, befënnt datt et néideg ass d’Zuel erops ze
setzen, a schons ass et beschlossen Saach.
D’Regierung gesäit sech, fend datt 600 Leit besser wären wéi
300, seet der Gemeng et, déi wéi ëmmer alles oofseent a
souwisou naischt ze soen huet, a schon gëtt d’Zuel
verduebelt; dat dauert keng 15 Minutten.
Awer bis dat souwait ass dierf keen vun 600 schwätzen, soss
ass een e Populist oder e Spalter!
- Ass dat eng serieux, transparent a verantwortungsvoll Politik?
Fir t’éischt schwetzt de Minister Kersch vun 600 Containeren
(nozelauschteren ënnert dem Link https://vimeo.com/141894622 - 18
minutes 34 sec – 18 minutes 38 sec).
Duerno, wéi eis Biergerinitiativ dat kritiséiert huet, gëtt d’Zuel vun
Containeren kuerzerhand halbéiert, fir t’éischt op 300 an duerno op
275!
Elo, am Kader vun der POS Prozedur, geet nëmmen vun 150
Wunncontaineren rieds, an den Terrain ass och em d’Halschent méi
kleng ginn … do sinn mir elo nach bei 0,86 Hektar anstatt bei 1,6
Hektar, wéi ursprünglech geplangt.
Wat awer vill méi erschreckend ass: d’Unzuel vun Flüchtlingen, déi
op deem all Dag schrumpfenden Site ënnerbruecht ginn, ass nach
ëmmer déi selwegt: 300 bis 600 Leit.
Déi arem Leit! Nach manner Plaz, nach méi e Ghetto, an deemno nach
méi Reiwungspunkten a Lagerkollerrisiko!
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
10
Daat alles an eisem klengen Duerf, dat sécher bereed ass, säin Bäitrag
ze leeschten, hei awer d’ganz Laascht opgedréckt kritt, a 24 Stonnen
op 24 matt Problemer konfrontéiert wäert ginn, déi awer d’ganz Land
misst matt droen!
Et ass eppes aanescht, d‘Leit definitiv bei sech ze integréieren, déi eng
Perspektiv hunn, wéi e Lager an d’Duerf ze kréien, wou bis zu 600
Leit op engstem Raum zesummengepfercht sinn! Hei ass och
d’Beispill vun Arel ze nennen, wou 1.000 Flüchtlingen an engem Deel
vun enger Militärkasär ënnerkommen, a wou d’Zoustänn katastrophal
sinn (siehe Artikel am L’Avenir du Luxembourg vum 8. Dezember
2015).
Dës ongerecht Verdeelung ass weder am Intérêt vun de Flüchtlingen
nach vun eisen Matbierger!
Deemno sinn déi Strukturen, déi jo net nëmmen fir Syrer opgeriicht
wäerten ginn, mee fir all déi Flüchtlingen, déi am Laf vun der Zäit
wäerten bei eis kommen, och niemools provisoresch, mee wäerten
herno vill méi Leit „beherbergen“, a matt der Zäit wäert dat och net
besser ginn.
D‘Regierung soll déi Leit, déi elo do sinn, an existéierend Strukturen
ënnerbréngen, well nach geet dat duer, an dat porportional an all
Gemeng iwwert de Wee vun engem „Verteilerschlüssel“.
An dann soll d‘Regierung, wéi dat schon laang hätt solle gemaach
ginn, Wunnraum schaafen fir Flüchtlingen an Resident’en, andeems si
massiv Terrain’en keeft an sou eng Mixitéit schaaft; op deem Wee ass
eng gutt Integratioun méiglech.
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
11
Mir ginn dësen Pressekommuniqué eraus, och am Numm vun all
deene no un 500 Leit, déi eis Petitiounslëscht ënnerschriwwen hunn,
well mir sécher sinn, datt op der vun uewen gesteierter
Informatiounsversammlung vum 15. Dezember am Centre Roudemer
alt nees eng Kéier Objektiounen onerwënscht sinn!
______________ _______________ _______________
De President E Vize-President d’Sekretärin
Joë Lemmer Nelly Meyers Cathy Fisch
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
12
Annexen: Linken op Artikelen iwwert Onrouen a Kleppereien an
däischten, belschen an éisträicheschen Opfangstrukturen
• NDR /01.10.2015 - Schlägereien in Flüchtlingsunterkünften
INTERNET-LINK:http://www.ndr.de/nachrichten/hamburg/Schlaegereien-in-Fluechtlingsunterkuenften,fluechtlinge3912.html
• Focus.de/07.10.2015 - Schlägerei zwischen Flüchtlingen inHamburg und Braunschweig
INTERNET-LINK:http://www.focus.de/politik/deutschland/migration-schlaegerei-zwischen-fluechtlingen-in-hamburg-und-braunschweig_id_4996233.html
• Focus.de/24.10.2015 - Psychologe erklärt die erhöhte
Gewaltbereitschaft von Flüchtlingen
INTERNET-LINK:http://www.focus.de/politik/schlaegereien-in-notunterkuenften-ein-psychologe-erklaert-die-hohe-gewaltbereitschaft-von-fluechtlingen_id_5037129.html
• Spiegel Online/ 25.10.2015 - Flüchtlinge gehen mit
Metallstangen aufeinander los
INTERNET-LINK:http://www.spiegel.de/panorama/justiz/niederau-dutzende-fluechtlinge-in-schlaegerei-verwickelt-a-1059507.html
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
13
• HNA.de/26.10.2015 - Nach Schlägerei unter Flüchtlingen gab
es eine klare Ansage
INTERNET-LINK:http://www.hna.de/lokales/hann-muenden/hann-muenden-ort60343/schlaegerei-unter-fluechtlingen-hann-muenden-danach-5685786.html
• Bild.de/26.10.2015 – Drei Verletzte bei Schlägerei im Asylheim
INTERNET-LINK:http://www.bild.de/regional/leipzig/schlaegerei/drei-verletzte-nach-schlaegerei-im-asylheim-43150952.bild.html
• Hessenschau/ 27.10.2015 - Schlägerei unter Flüchtlingen
INTERNET-LINK:http://hessenschau.de/panorama/schlaegerei-unter-fluechtlingen-in-bensheim,kurz-schlaegerei-bensheim-100.html
• Stuttgarter Nachrichten/29.10.2015 - 14 Verletzte in Wiesloch
INTERNET-LINK:http://www.stuttgarter-nachrichten.de/inhalt.schlaegerei-in-fluechtlingsunterkunft-14-verletzte-in-wiesloch.48a0449c-c9f0-4175-b2ef-aaba5946854e.html
• WAZ.de /30.10.2015 - Schlägerei im OsterfelderFlüchtlingsheim
INTERNET-LINK:http://www.derwesten.de/staedte/oberhausen/schlaegerei-im-osterfelder-fluechtlingsheim-aimp-id11232739.html
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
14
• Frankfurter Neue Presse /30.10.2015 - Schlägerei imFlüchtlingsheim
INTERNET-LINK:http://www.fnp.de/rhein-main/blaulicht/Schlaegerei-im-Fluechtlingsheim;art25945,1671193
• NDR/ 31.10.2015 - Studt verurteilt Schlägerei unterFlüchtlingen
INTERNET-LINK:https://www.ndr.de/nachrichten/schleswig-holstein/Studt-verurteilt-Schlaegerei-unter-Fluechtlingen,polizei3328.html
• Mitteldeutsche Zeitung/ 02.11.2015 - Massenschlägerei inFlüchtlingsunterkunft
INTERNET-LINK:http://www.mz-web.de/mitteldeutschland/dresden-massenschlaegerei-in-fluechtlingsunterkunft,20641266,32316970.html
• Hamburger Abendblatt/03.11.2015 - Flüchtlinge fordernVerlegung in andere Unterkunft
INTERNET-LINK:http://www.abendblatt.de/hamburg/harburg/article206513287/Fluechtlinge-fordern-Verlegung-in-andere-Unterkunft.html
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
15
• Mannheim24.de/05.11.2015 - Polizeieinsatz in Notunterkunftfür Flüchtlinge
INTERNET-LINK:http://www.mannheim24.de/region/fotos-speyer-polizeieinsatz-einer-notunterkunft-streit-zwischen-fluechtlingen-artet-schlaegerei-5782422.html
• Kreiszeitung.de/06.11.2015 - Schlägerei in Unterkunft fürFlüchtlinge
INTERNET-LINK:http://www.kreiszeitung.de/lokales/bremen/polizei-beendet-schlaegerei-unterkunft-fluechtlinge-bremen-vahr-5790412.html
• Merkur.de/09.11.2015 - Wegen zu lauter Unterhaltung -Schlägerei zwischen Jugendlichen in NürnbergerFlüchtlingsheim
INTERNET-LINK:http://www.merkur.de/bayern/schlaegerei-zwischen-jugendlichen-nuernberger-fluechtlingsheim-meta-5830180.html
• Radio Bremen/10.11.2015 - Flüchtlinge in Bremen gehenaufeinander los
INTERNET-LINK:http://www.radiobremen.de/nachrichten/kurz_notiert/fluechtlinge190.html
• Grenzecho.net/11.11.2015 - Größere Schlägerei imFlüchtlingszentrum
INTERNET-LINK:http://www.grenzecho.net/ArtikelLoad.aspx?aid=fb3c4cab-ae62-4738-bb54-885c9c549536
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
16
• Hamburger Morgenpost/11.11.2015 - Harburg: Asylbewerberprügeln sich wegen Zigarette
INTERNET-LINK:http://www.mopo.de/polizei/schlaegerei-in-fluechtlingsunterkunft-harburg--asylbewerber-pruegeln-sich-wegen-zigarette,7730198,32390360.html
• RP-Online/13.11.2015 - Massenschlägerei vor SolingerFlüchtlingsheim
INTERNET-LINK:http://www.rp-online.de/nrw/staedte/solingen/solingen-schlaegerei-vor-fluechtlingsunterkunft-aid-1.5556996
• Hamburger Morgenpost/16.11.2015 - Lohbrügge: Flüchtlingegehen mit Stühlen aufeinander los
INTERNET-LINK:http://www.mopo.de/polizei/vier-verletzte-bei-massenschlaegerei-lohbruegge--fluechtlinge-gehen-mit-stuehlen-aufeinander-los,7730198,32430100.html
• Südkurier/17.11.2015 - Immer wieder kommt es zuAuseinandersetzungen
INTERNET-LINK:http://www.suedkurier.de/nachrichten/baden-wuerttemberg/info/Schlaegereien-unter-Fluechtlingen;art992911,8311108
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
17
• Mittelbayerische/18.11.2015 - Flüchtlinge gerieten aneinander
INTERNET-LINK:http://www.mittelbayerische.de/region/regensburg-stadt-nachrichten/fluechtlinge-gerieten-aneinander-21179-art1308107.html
• Hessenschau.de/ 20.11.2015 - Verletzte bei Schlägereien inFlüchtlingsunterkünften
INTERNET-LINK:http://hessenschau.de/panorama/verletzte-bei-schlaegereien-in-fluechtlingsunterkuenften,verletzte-schlaegerei-fluechtlinge-100.html
• Stuttgarter Nachrichten.de/ 21.11.2015 – Neun Verletzte beiStreit um Müll
INTERNET-LINK:http://www.stuttgarter-nachrichten.de/inhalt.polizeieinsatz-in-fluechtlingsunterkunft-neun-verletzte-bei-streit-um-muell.67ad915c-9c9f-45f4-815f-a365f32bee0b.html
• Taunus Zeitung/ 21.11.2015 – Mehrere Flüchtlinge inOberursel verletzt
INTERNET-LINK:http://www.taunus-zeitung.de/lokales/hochtaunus/vordertaunus/Mehrere-Fluechtlinge-in-Oberursel-verletzt;art48711,1710927
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
18
• Sächsische Zeitung/ 22.11.2015 – Schlägerei unterAsylbewerbern
INTERNET-LINK:http://www.sz-online.de/nachrichten/schlaegerei-unter-asylbewerbern-3256383.html
• Franken-Tageblatt.de/ 22.11.2015 – Schlägerei in einerUnterkunft für minderjährige unbegleitete Flüchtlinge
INTERNET-LINK:
http://www.franken-tageblatt.de/muenchen-25-personen-beteiligt-
schlaegerei-in-einer-unterkunft-fuer-minderjaehrige-unbegleitete-
fluechtlinge-54053
• Bild.de/23.11.2015 - Polizei trennt große Flüchtlings-Prügelei
INTERNET-LINK:
http://www.bild.de/regional/hannover/fluechtlingskrise/schlaegerei-in-
fluechtlingsheim-43353878.bild.html
• Hamburger Abendblatt/23.11.2015 - Polizei trennt großeFlüchtlings-Prügelei
INTERNET-LINK:
http://www.abendblatt.de/region/norderstedt/article206707107/Sieben-
Verletzte-bei-Schlaegerei-unter-Fluechtlingen.html
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
19
• Mannheim24.de/24.11.2015 - Massenschlägereien in Spinelli
Barracks
INTERNET-LINK:http://www.mannheim24.de/mannheim/mannheim-kaefertal-schlaegerei-unter-fluechtlingen-spinelli-barracks-zwei-polizeieinsaetze-5894625.html
• Radio Hamburg / 25.11.2015 - Massenschlägerei in
Asylbewerber-Unterkunft
INTERNET-LINK:
http://www.radiohamburg.de/Nachrichten/Fluechtlinge-in-
Hamburg/News/Vier-Verletzte-Massenschlaegerei-in-Asylbewerber-
Unterkunft
• Zeit.de / 28.11.2015 - Verletzte bei Schlägereien inFlüchtlingsheimen
INTERNET-LINK:
http://www.zeit.de/gesellschaft/zeitgeschehen/2015-11/fluechtlinge-
schlaegerei-unterkunft
• Kieler Nachrichten / 29.11.2015 - Massenschlägereien in zweiBerliner Flüchtlingsunterkünften
INTERNET-LINK:
http://www.kn-online.de/News/Nachrichten-Politik/Aktuelle-
Nachrichten-Politik-aus-der-Welt/Massenschlaegereien-in-zwei-
Berliner-Fluechtlingsunterkuenften
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
20
• Spiegel Online / 30.11.2015 - Fünf Verletzte bei Schlägerei inFlüchtlingsunterkunft
INTERNET-LINK: http://www.spiegel.de/panorama/itzehoe-fuenf-
verletzte-bei-schlaegerei-in-fluechtlingsunterkunft-a-1065162.html
• Welt.de / 30.11.2015 – Das sind die Gründe für Schlägereienin Asylunterkünften
INTERNET-LINK:
http://www.welt.de/politik/deutschland/article149432769/Das-sind-
die-Gruende-fuer-Schlaegereien-in-Asylunterkuenften.html
• Stuttgarter Zeitung / 01.12.2015 - Streit und Schlägereien inUnterkünften (Konstanz)
INTERNET-LINK:
http://www.stuttgarter-zeitung.de/inhalt.konstanz-massenschlaegerei-
in-fluechtlingsunterkunft.53cd8cab-3f06-4650-96a2-
18262e469e0e.html
• Morgenpost.de /03.12.2015 - Betrunkene Flüchtlinge stechen21-Jährigen nieder
INTERNET-LINK:
https://mopo24.de/nachrichten/plauen-ueberfall-polizei-somalier-31012
• Die Presse / 04.12.2015 – Steiermark: Schlägerei unterminderjährigen Flüchtlingen
INTERNET-LINK:http://diepresse.com/home/politik/innenpolitik/4880934/Steiermark_Schlaegerei-unter-minderjaehrigen-Fluchtlingen
BIERGERINITIATIV « KEEN CONTAINERDUERF AM DUERF » a.s.b.l.
Siège social : 60, rue de Kleinbettingen – L-8436 Steinfort
R.C.S. Luxembourg F10561
21
• SWR Fernsehen.de/05/12/2015 - Schlägerei in NeuenstädterFlüchtlingsunterkunft / Mutmaßlicher Schläger in U-Haft
INTERNET-LINK:http://www.swr.de/landesschau-aktuell/bw/grosser-polizeieinsatz-in-
neuenstadt-schlaegerei-in-fluechtlingsunterkunft/-
/id=1622/did=16593722/nid=1622/dyxdod/
• Hamburger Morgenpost / 06.12.2015 – Erstaufnahmen:
Flüchtlinge gehen mit Holzlatten aufeinander los
INTERNET-LINK:
http://www.mopo.de/hamburg/polizei/erstaufnahmen-fluechtlinge-
gehen-mit-holzlatten-aufeinander-los-23216610
• Bild.de / 08.12.2015 - 5 Verletzte, 10 Festnahmen - Schlägereiin Flüchtlingsheim
INTERNET-LINK:
http://www.bild.de/regional/muenchen/fluechtlingsheim/in-pfuhl-10-
festnahmen-und-5-verletzte-nach-schlaegerei-43713154.bild.html
• Stuttgarter Zeitung / 08.12.2015 - Schlägerei in Messehalle 9
INTERNET-LINK:
http://www.stuttgarter-zeitung.de/inhalt.fluechtlingsunterkunft-in-
stuttgart-schlaegerei-in-messehalle-9.8890eb3d-9dcb-45db-85ae-
3c8876588b8c.html
• L’Avenir du Luxembourg / 11/12/2015 - le camp Bastin boucléà cause d'une énorme bagarre